Email un d’Uni 15-4-15

Pour Info – Kopie vu mengem Email un den Här Carbon vun der UNI Lëtzebuerg
To: …….. (d’Email Adressen sinn aus Confidentialitéits Grënn geleescht)

From: Marcel Cloos (ccsvideo@hotmail.com)
Sent: Wed 4/15/15 3:02 AM

vum Mars Cloos
CRS Project Coordinator fir den Aarbechtsgrupp Lulling-Frisch-Cloos

un den Här Francois Carbon
Coordinateur espace cultures. Scenicae@uni.lu a.s.b.l..
University of Luxembourg 162 A, avenue de la Faïencerie L-1511 Luxembourg
http://www.kulturparlament.com/author/francois_carbon/

Bonjour Här Carbon.

Merci fir dat interessant a produktiivt Gespréich dat mär gëschter an ärem Büro an der UNI haten. Déi zukünfteg Infrastruktur vun der UNI ass impressionant an ech verstinn dat et net einfach gëtt esou e fundamentale Changement am kulturellen Liewen vun der UNI ze implementéieren.

Iwwert äre prinzipiellen Interêt um CRS freeën ech mech well et ass d’Konfirmatioun dat mäer mat eisen Iddien vun Ufank un op Synergien ze bauen richteg leien. Eise Projet soll net een vun villen sinn; et mëscht kee Sinn nach e Kulturhaus ze bauen wat dann 80% vun der Zäit eidel steet. Mäer hunn kuerz och iwwer de jëtzege Projet vun engem klenge Kulturhaus vun der Gemeng Schëffleng geschwat an ech verstinn dass dir vir esou en Center keng Utilisatioun huet. Wéi d’Kollaboratioun zwëschen der UNI an dem CRS op kulturellem Plang kéint ausgesinn ergëtt sech dann am Laf vun der Zäit. Ech fannen et positiv dat dir perséinlech iech un eventuelle Gespréicher vun engem Aarbechtsgrupp mat Vertrieder vun der Gemeng Schëffleng kéint bedeelegen.

Eng potentiell Partnerschaft zwëschen der UNI an dem CRS muss awer méi weit goen an och aner Voleten ofdecken. Bei der Presentatioun vum Projet si mäer op de Schëfflenger Sportkomplex agaangen. D’UNI schéint jo op sportlechem Plang Besoinen ze hunn déi net voll ofgedeckt sinn. Schëffleng huet eng modern Piscine an eng schéi Sportshal déi direkt asazfäheg sinn an wou et wéi ech mengen och Disponibilitéite gëtt.

Den Accès UNI-CRS-UNI ass extrem einfach. Vun der Gare Belval bis op d’Gare Schëffleng sinn et knapps 9 Minutten ouni d’Noutwendegkeet zu Esch ëmzeklammen, mat enger Frequenz vun 4 mol an der Stonn. An dat a béid Richtungen.

Belval-Université
Schifflange
départ de 09:26
arrivée à 09:35
durée 0:09

Et géing een dat vun enger klenger Gemeng wéi Schëffleng net erwaarden, mais Schëffleng huet säin eegenen Transportsystem mat engem Schoulbus an engem Reseau vun Navetten (Ruffbus)
http://www.schifflange.lu/index.php/mobilite/82
Falls et zu enger Partnerschaft mat der UNI géing kommen kéint ech mäer virstellen, dass déi Navetten och de Wee zwëschen der Gare an dem CRS kéinte bedéngen. Walking distance vun der Gare zum CRS sinn ca 10 Minutten, och dat ass also kee Problem.

Des Elementer sinn och wichteg wa mäer u Synergien am Wunnengsberäich denken. UNI-VAL2 kreéiert jo elo 200 nei Wunnengen um Campus Belval selwer, mais et ass kloer dass extern Wunnengen néideg sinn wann den Objektiv vun de 6800 Studenten an de nächste Joeren erreecht ass.

Wéi der jo wësst ass de Bau vun Wunnengen um Site vum CRS fir eise Projet en essentiellt Element well nëmmen duerch gemeinsam Infrastrukturen, notamment engem groussen shared Parking Souterrain, mécht esou e Projet Sënn, soss sinn d’Käschten einfach ze héich. Ech kéint mäer virstellen, dass en Deel oder esouguer all Wunnengen op deem Site als Studentewunnengen kéinte konzipéiert ginn. Déi exzellent Zuchverbindung UNI-CRS-UNI spillt hei natierlech och mat. Eng véirel Stonn fir de gesamten Trajet ass sécher net onverhältnisméisseg. D’Studenten wäerte gär op Schëffleng wunne kommen wéinst deem schéine Sportkomplex an deene kulturellen Méiglechkeeten déi sech mam CRS direkt virun hirer Hausdier erginn.

D’Viraussetzungen sinn also do fir weider Gespréicher mat der UNI ze féieren an ech kucken d’Hären Gary a Rousseau vum SEVE ze treffen esou wéi dir virgeschloen huet. Dëst sinn natierlech alles informellt Gespréicher déi ech am Kader vun eiser Etude duerchféieren. Eist Ziel ass der Gemeng Schëffleng e Projet ze presentéieren dee Sënn mécht. Eng strategesch Partnerschaft mat der UNI ass genau dat wat d’Gemeng Schëffleng elo braucht. D’Situatioun ass zwar net mat Belval ze vergläichen, mais Schëffleng huet och seng Siderurgie verluer och wann Arcelor Mittal nach ni offen zouginn huet dat d’Schëfflenger Schmelz definitiv zou ass.

Dofir setze mäer eis och fir des Opportunitéit fir Schëffleng an.
Dësen Email geet en copie un de Schäfferot an de Gemengerot Schëffleng, den Här Feiereisen vun der CSV Schëffleng an un den Här Marc Spautz deen sech als Schëfflenger fir d’Zukunft vu Schëffleng interesséiert. Kopie och un d’Mme Lulling an den Här Frisch.

Mat beschte Gréiss
Mars Cloos

PS un d’Memberen vum Gemengerot
Kennt dir w.e.g. desen Email weiderginn un
Bruch-Forster Gaby
Fehr Guy
Caputo-Johanns Juliette

Advertisements

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s