Blog vum Mars Cloos

E Kulturhaus fir Schëffleng?

D’Madame Astrid Lulling am Interview, Deel 1

den zweeten Deel vum Interview gëtt et op YouTube Ufank September no der Rentrée. En ass mindestens esou brisant ewéi den éischten Deel. D’Madame Lulling schwätzt Kloertext.

Virdrun produzéieren ech awer 2 Filmer déi de Centre de Rencontres Schëffleng presentéieren (den alternative Projet ausgeschafft vun der Madame Lulling, dem Här Nic Frisch a mär selwer) an iwwert déi méiglech Kooperatioun mat der UNI déi de Roland Schreiner leider ënnerbonnen huet. Déi Filmer ginn online op YouTube esoubal se produzéiert sinn. D’Linken ginn hei  an am Schëfflenger Grupp gepostet an och un d’Email Adressen vun de Leit déi op menger Lescht sinn.

Hei ass d’Positioun vun de Noperen vun engem Kutlurhaus op der place GD Charlotte.

RTL News Clip zum Thema Kulturhaus

D’Diskussioun zum Thema Kulturhaus geet op och Facebook weider, haaptsächlech am Schëfflenger Grupp. Wann der nach net Member am Grupp sidd, mellt iech do un an huelt um Debat deel. Des Saach ass fir Schëffleng immens wichteg an mer mussen eis alleguer dorëm bekëmmeren a verhënneren dass do irreparabel Fehler gemaacht ginn.

“Du bass just e richtegen Schefflenger wann ….”
Facebook Grupp fir Schëffleng

E ganz grousse Merci fir all de Feedback an är Ënnerstëtzung.

Mars Cloos

Advertisements

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s